Zuelen an Gender - zweet Ronn

Presseartikel, Corona, Gender, Statistik

Am Abrëll huet d’Plattform JIF d’Regierung opgefuerdert wärend der Kris Zuelen ze erhiewen a sou séier wéi méiglech ëffentlech zougänglech ze maachen, déi opweise sollen, ob a wéi sech d’Corona-Kris ënnerschiddlech op verschidden Bevëlkerungsgruppen ausgewierkt huet. Eng intersektional Perspektiv, déi Geschlecht, Alter, Nationalitéit, Ausbildung, Astellung, Familljestand etc. berécksiichtegt soll hëllefen sozial gerecht politesch Mesuren wärend a no der Kris ëmzesetzen, fir déi schwächst an déi am stäerksten betraff ze ënnerstëtzen.

D’Piratepartei huet dëst Uleies mat enger parlamentarescher Ufro ënnerstëtzt. D’Äntwert koum Ufank Juni 2020 an ass zwar net iwwerraschend, mee awer enttäuschend. Et gëtt keng Zuelen, déi esou opbereet wieren wéi mir et froen. An dofir kréie mir och keng Äntwert.

D’Melody Hansen, Journalistin beim Tageblatt, huet en interessanten Artikel zum Sujet Gender a Corona geschriwwen a geet och op eis Demande vun Zuelen a Statistiken an. Den Artikel kann hei gelies ginn (mat Paywall).