Isablu ass de Blog vum Isabelle Schmoetten.
Eng Sammlung vu Gedanken, Iddien, Texter an Erliefnisser. Eng Mëschung vun Isabelle a Bliblablu mat (mol méi a mol manner) klorem Lëtzebuerg-Bezuch.
Ech si studéiert Sozialaarbechterin mat Schwéierpunkt op kritescher politescher Bildung, Gender Studies a sozialen Ongläichheeten. Zënter 2018 schaffen ech beim CID | Fraen an Gender.
A wéi enger Welt wëlle mir liewen a wéi wëlle mir an dëser Welt zesummeliewen, ass meng Aarbechts- a Liewensfro.
Fir ze liewen brauch ech meng Famill, Frënn*dinnen, Natur, Bicher, Konscht a Begéinungen.