Privileegie sichtbar maachen a sënnvoll asetzen

Fräie Mikro, Privileegien, al wäiss Männer, strukturell Benodeelegungen, Radio

Dëst ass den Text vu mengem drëtte Fräie Mikro beim Radio 100,7

Privileegie sichtbar maachen a sënnvoll asetzen

Wat hunn een Artikel, an deem dem Greta Thunberg säin Ausgesinn als dämonesch bezeechent gëtt a Facebook-Commentairen an deenen eng jonk Kandidatin fir d’Europawahlen opgrond vun hirem Alter an hirem Geschlecht diffaméiert gëtt, gemeinsam?

Si stamen an der Majoritéit vu gutt situéierte wäisse Männer a riichte sech géint jonk Fraen. A si léieren eis eppes iwwer strukturell, intersektionell Ongläichheeten an iwwer Privileegien.

Wisou héiert een an der lescht ëmmer méi dacks d’Bezeechnung „wäiss al Männer“ a wat ass domat gemengt?

Bei de wäissen ale Männer handelt et sech ëm e Konstrukt vun engem homogene Grupp, deen et als solchen natierlech net gëtt. D’Bezeechnung soll op Privileegie wéi Muecht, Afloss an ekonomesch Sécherheet hindeiten, déi d’Liewen an der Gesellschaft relativ bequem maachen.

Privileegie si wéi Réckewand

Stellt Iech vir, Dir fuert mam Vëlo op d’Schaff, et geet gutt virun an Dir denkt Iech: Ha! Wat sinn ech erëm gutt fit haut! Den Heemwee ass vill méi ustrengend an eréischt do mierkt Dir, datt et moies just sou gutt virugaangen ass, well Dir Réckewand hat. Sou ass et mat de Privileegien. Privileegien si wéi Réckewand.

Mat Réckewand gëtt Iech éischter nogelauschtert, Är Meenung gëtt méi eescht geholl. Iech gëtt éischter zougetraut Verantwortung ze iwwerhuelen an Dir hutt besser Chancë Carrière ze maachen oder gewielt ze ginn. Op der Bank, am Restaurant, am Hotel, am Zuch, op der Gemeng, bei der Police - iwwerall gëtt Iech mat Respekt a vläicht souguer enger liichter Ënnerwürfegkeet begéint. Fir Iech ass dat normal. Mee de Problem mam Réckewand ass: deen hëlleft just an eng Richtung, an net all Mënsch profitéiert dovun. Réckewand ass onverdéngt, willkürlech a fir d’Allgemengheet wier et besser, e wär net do, well sech dann nämlech all Mënsch d’selwecht vill misst ustrengen.

Leider beroue vill vun deene Privileegien op gesellschaftlech produzéierte strukturellen Ongläichheeten an net op haarder Aarbecht a scho guer net op engem biologesch-natierleche Gesetz.

Privileegie weisen op strukturell Virdeeler hin

Begrëffer wéi „white privilege“ oder „male privilege“, also de Privileeg als wäiss oder männlech Persoun, seet net, datt en eenzele Mann oder eng spezifesch wäiss Persoun ni vun individueller Benodeelegung betraff ka sinn. Si weisen op strukturell Virdeeler a Benodeelegungen hin, déi bestëmmte Bevëlkerungsgruppen opgrond vu willkürleche Mierkmoler insgesamt, als Grupp, treffen.

Och ech hu Privileegien als wäiss, heterosexuell, gutt ausgebilte Fra mat engem Job an engem Fräie Mikro. Eng Fra mat Migratiounsgeschicht, déi am Botzsecteur schafft, mécht ganz aner Erfarungen an huet eng aner Liewenswelt, wéi eng gebuere wäiss Lëtzebuergerin, déi en héije Beamtinneposten huet. Béid Fraen hu sécherlech Erfarunge mat Sexismus gemaach. Awer et ass och kee Geheimnis, wéi eng vun deenen zwou Fraen an eng méi privilegiéiert Situatioun eragebuer ass.

Bei Privileegien geet et net just ëm d’Geschlechter. A scho guer net geet et ëm d’Frae géint d’Männer oder ëmgedréit.

Ech kann näischt fir meng Privileegien an och déi al wäiss Männer kënnen näischt fir hir Privileegien. Dat ass awer keng Excuse fir Ongläichheeten ze reproduzéieren, ze niéieren („zu Lëtzebuerg geet et eis all gutt“), ze naturaliséieren („Männer sinn ebe vu Natur aus méi gewaltbereet“) oder ze bagatelliséieren („dat ass e Kompliment, wann een Dir op der Strooss Saachen hannendru rifft“). An et ass ganz sécher keng Excuse fir aner Mënschen aktiv ze diffaméieren, ze mobben oder ze diskriminéieren.

Fir wat setzt ee seng Privileegien an?

Villméi ass et a mengen Aen eng Verantwortung, dës Privileegien ze notze fir sech fir eng méi gerecht Gesellschaft, am Sënn vun de Mënscherechter, anzesetzen.

An do wiere mir erëm bei mengen Ufanksbeispiller. Als Persoun mat gewëssem Status, mat Definitiouns- an Handlungsmuecht, also zum Beispill als Journalist mat enger Chronik an där meeschtgeliester Dageszeitung oder als rietse Politiker mat groussem medialen Echo, kann ee sech eraussichen, ob ee wëllt bäidroen zu gesellschaftlechem Zesummenhalt an zu enger Kultur vu Mënscherechter, andeems ee beispillsweis jonk Mënschen, déi sech sozial engagéieren, solidaresch a vläicht och heiansdo kritesch konstruktiv zur Säit steet, oder ob ee seng Privileegie léiwer notzt fir anerer kleng ze maachen an Hate Speech ze fërdere fir an de Genoss vun der eegener Muecht ze kommen a sech doduerch op d’Käschte vun deenen aneren ze profiléieren a besser ze fillen.

Mat anere Wierder: Wann ech scho Réckewand hunn, da kann ech wéinstens deenen, déi Géigewand hunn, den Elektrovëlo iwwerloossen.