Orange Week 2019

Marche de solidarité

geschlechtsbezu Gewalt, sexualiséiert Gewalt, Manif, Orange Week, Plattform JIF

Am Juli gouf e Sex-Video géint de Wëllen vun op mannst enger vun de bedeelegte Persounen an de soziale Medien verbreet.
Am August gouf zu Esch eng Fra vun hirem Mann ëmbruecht - trotz Wegweisung.
Am November masturbéiert e Mann am Zuch virun 2 Fraen.
D’Police gëtt zu Lëtzebuerg all Dag zweemol geruff wéinst Männer, déi Gewalt géint hir Partnerinnen uwenden.

An all deene Fäll geet et net ëm Léift a net ëm Sex mee ëm Muecht an Dominanz an ëm strukturell Verhältnisser, déi béides erméiglechen.

Et ass wichteg Positioun ze bezéien géint sexistesch Gewalt - an Diskussioune mat Kolleeg*innen, an de soziale Medien, an der Press, am Cours an der Schoul…
An heiansdo ass et wichteg op d’Strooss ze goen.

Den 21. November huet d’Plattform JIF op e Bastelowend an d’Chambre des Salarié.e.s invitéiert, wou mir Plakater fir d’Marche preparéiert hunn.