Maid in Luxembourg

Event, Care, Mënschenhandel, Botzsecteur, JIF

E Mëttwoch de 5. Februar hunn ech d’Plattform JIF an de CID op enger table ronde vun Time for Equality vertrueden.

Den Titel vum Event war „Maid in Luxembourg - decent work for domestic workers“. No der Diffusioun vum Film „Maid in Hell“ bei dem et ëm modern Sklaverei a Form vun Haushaltshëllefen (travailleuses domestiques) am Noen Osten goung, gouf op der table ronde iwwert Fäll vu Mënschenhandel hei zu Lëtzebuerg an iwwert Haushaltsaarbecht am allgemenge geschwat.

Besonnesch beandrockend war en Temoignage, geschriwwen vum Mirlene Fonseca, déi aus der Perspektiv vun der Duechter schreift, där hir Mamm Botzfra ass an déi eng grouss emotional an intellektuell Entwécklung mat mécht. Ufanks schummt d’Duechter sech fir de Beruff vun der Mamm. Um Enn ass si voller Unerkennung a Respekt. Den Temoignage gouf virgedroe vum Jennifer Lopes.

D'Jennifer Lopes liest den Temoignage vum Mirlene Fonseca

Mäi Message war den, dass Haushaltsaarbecht eng Form vu Care-Aarbecht ass. Eng Aarbecht, déi oft onsiichtbar ass, net valoriséiert gëtt a virun allem vu Frae geleescht gëtt. Wisou dat sou ass hunn ech mat den patriarchalen a sexistesche Strukturen vun eiser Gesellschaft erkläert – soulaang se doheem si, kann e Fraen besser kontrolléieren.

Et war ëmmer en Zil vun de feministesche Beweegungen d’Haushaltsaarbecht gerecht tëscht de Geschlechter ze verdeelen. Well mir awer net nëmmen an enger patriarchaler mee och an enger kapitalistescher Gesellschaft liewen ass dat awer net ganz opgaangen. Zwar ginn et mëttlerweil vill Fraen, déi schaffe ginn, sech selwer verwierklechen a Carrière maachen. Dat ass awer meeschtens net doduerch méiglech, well d’Famille sech d’Care-Aarbecht méi fair opdeelen, mee well des Aarbecht elo ausgelagert gëtt. Hannert all erfollegräicher Fra steet also net e Mann, mee eng aner Fra. Normalerweis eng immigréiert Fra oder eng Frontalière. Déi Fraen si wuelgemierkt vill manner privilegéiert, och wann hir Aarbecht Deel vun enger individueller Emanzipatioun ass, a maachen no där bezuelter Care-Aarbecht a besser gestallten Haushalter och nach hir eegen, onbezuelten Care-Aarbecht doheem. D’Fro wien an eiser Gesellschaft d’Hausaarbecht mécht, ass also enk verbonnen mat sexisteschen, klassisteschen a rassistesche Strukturen.