Madd Addam Trilogie - Margaret Atwood

Literatur, Klimawandel, Dystopie, Feminismus, Liestipp

Dat éischt Buch, wat ech vum Margaret Atwood gelies hunn war, dank engem Cado vu mengem grousse Brudder, „Das Jahr der Flut“. En immens spannenden, dystopesche Fantasy-Roman. Verschidden Zeenen si mir och haut nach lieweg an Erënnerung – obwuel d’Lecture schonn e puer Joer hir ass.

Dann hunn ech – Joren duerno – erausfonnt, datt „Das Jahr der Flut“ den zweeten Deel vun enger Trilogie ass.

Am Summer 2020 hunn ech den drëtten Deel gelies: „Die Geschichte von Zeb“ an elo am Hierscht den éischten Deel „Oryx und Crake“.

Et gëtt zwar eng offensichtlech Reiefolleg, se duercherneen ze liesen huet mech awer net gestéiert, well d’Romaner net chronologesch funktionéieren. Allen dräi Deeler sinn immens spannend, gutt geschriwwen an déi däitsch Iwwersetzung angeneem ze liesen (d’Original ass natierlech sécher nach besser).

Grad zu Corona-Zäiten passt eng Geschicht iwwert en héich ustiechende Virus, den sech rasant verbreet an d’Welt a Chaos stierzt natierlech perfekt zur Stëmmung. Bestëmmte Parallellen tëscht der Fiktioun an eiser aktueller Situatioun si scho bal onheemlech. Leit, déi Fan vu Verschwierungstheorie sinn, wäerten op hir Käschte kommen.

Och feministesch Sujeten zéien sech duerch d’Geschicht – staark, komplex an inspiréierend Fraerollen fënnt een awer virun allem bei „Die Geschichte von Zeb “ an „Das Jahr der Flut“. Op mannst genee esou gutt gi Klimaaktivist*inne bedéngt – Klimawandel, Ëmweltzerstéierung an d’Balance vum Ökosystem si weider zentral Sujetë vun der Trilogie.