Lux Filmfest 2021

The 8th

Event, Feminismus, Schwangerschaftsofbroch

De 5. Mäerz 2021 haat ech d’Chance am Kader vum Luxembourg Filmfestival eng Table Ronde mat der Catherine Chéry a mat der Christa Brömmel ze moderéieren.

Catherine Chéry, Isabelle Schmoetten, Christa Brömmel

De Film The 8th ass an Zesummenaarbecht mam CID | Fraen an Gender gewise ginn. Am Film geet et ëm d’Kämpf vun den ireschen Feministinnen, duerch déi 2018 dat restriktivt irescht Schwangerschaftsofbrochgesetz gekippt ginn ass. Méi Detailer zum Film an den Trailer fënnt een.t hei.

Am Gespréich mam Catherine a mam Christa goung et ëm de Sujet vum Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg. Wéi déi aktuell Situatioun ass a wéi et dozou koum. Mir hunn e ganz fortschrëttlecht Gesetz - och hei dank de Beméiungen vun engagéierte Feministinnen. Et goung awer och ëm d’Situatioun an anere Länner wéi Polen an Andorra, wou d’Gesetzer immens restriktiv sinn an et e richtege Backlash gëtt, wat Fraerechter ubelaangt.

Et war eng ganz inspiréierend Virbereedung an e gutt Gespréich den Owend selwer. Selwer schwanger de Moment vum Event, louch de Sujet mir ëmsou méi um Häerz. My Body My Choice!