Inklusiv schwätzen a schreiwen

Inklusiv Sprooch, Presseartikel

De Jérôme Quiqueret, Journalist beim Tageblatt (virdrun beim Jeudi) huet e gudden Artikel iwwert inklusiv Sprooch geschriwwen. De ganzen Artikel kann hei gelies ginn (mat paywall).

Am Virfeld hat ech en interessanten Austausch mam Här Quiqueret, vun dem och e puer Gedanken an den Artikel agefloss sinn.

Zum Beispill plädéieren ech - a laanger feministescher Traditioun - fir en Enn vum generesche Maskulin. Et ass scho laang kee Geheimnis méi, dass „déi weiblech Form ass matgemengt“ net funktionéiert fir eist Gehier. Wann een de Contraire mécht - also de genereschen Feminin benotzen - loossen d’Reaktiounen net laang op sech waarden. Am Studium haat eis Proff fir Gender Studies domat e Versuch gestart - scho no enger véierel Stonn hunn déi éischt Studente sech gemellt. Si géifen sech ausgeschloss an diskriminéiert fillen. Hmm.

De Jérôme Quiqueret gräift och d’Argument op eng inklusiv Schreifweis géif beim Liese stéieren. Do ass eppes drun. Awer usech ass et just eng Fro vu Gewunnecht. A wann eng inklusiv Schreifweis dozou féiere kann, dass och just eng net-binär Persoun sech gesinn a matgemengt spiert, dann ass den Opwand et menger Meenung no wäert. Mol guer net ze schwätzen vum Effekt, dass eis Sprooch eist Denken an Handelen beaflosst, an eng inklusiv Sprooch e konkret strukturellt Mëttel géint sexistesch Diskriminéierung ass a sech also och positiv op d’Gläichstellung vun de Mënschen auswierke kann.

An da nach e klengt Zitat um Schluss, dat weist, dass net nëmmen d’A-Sektioun am Lycée mee och d’Proff Dr. Rösch vu Karlsruhe mech gepräägt hunn: „De toute façon, les langues sont en perpétuel mouvement. Moi j’aime bien cet aspect des langues, que c’est vivant et influencé par la société.“