Gewalt a Fleeg

Event, Strukturell Gewalt, Fleeg, Presseartikel, Radio

De 17. Juni huet de CID | Fraen an Gender, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, d’Online-Konferenz „Aspekte von Care: Pflege und strukturelle Gewalt“ organiséiert.

Nodeems Care jo schonn den zentrale Sujet war vum Fraestreik am Mäerz 2020 a nodeems déi absolutt zentral Bedeitung an Onersetzbarkeet vu Care-Aarbecht duerch d’Corona-Kris och der Allgemengheet virun Ae gefouert gouf, sollt dës Konferenz de Fokus op e spezifesche Care-Beräich leeën: d’Fleeg.

Déi leedend Fro dobäi war, a wéi fern Fleeg duerch strukturell Gewalt gepräägt ass a wéi eng Roll d’Geschlechter dobäi spillen.

De Fleegkontext ass staark gepräägt vun tëschemënschlechen Ofhängegkeeten, institutionelle Bestëmmungen a gesellschaftleche Stigmata. Gewalt fënnt oft méidimensional an op verschiddene Niveaue statt, innerhalb vun engem komplizéierte Geflecht vu Fleegenden, Patient*innen, Famill, Patronen, staatlechen a gesetzleche Virgaben.

D’Anne Schaaf, Journalistin an ugoend Historikerin huet d’Konferenz moderéiert. Als Expert*innen hunn d’Tina Koch, d’Larisa Faber an de Raoul Schaaf geschwat.

D’Opnam vun der Konferenz (lëtzebuergesch mat franséischen Ënnertitelen) kann deemnächst hei gekuckt ginn.

Am Virfeld vun der Konferenz war ech zesumme mam Anne Schaaf an de Moies-Magazin beim Radio 100,7, wou mir e wierklech interessant Gespréich mam Jean Claude Majerus haten.

Op Basis vun dësem Interview huet d’Isabelle Spigarelli e ganz flotten Artikel an der Woxx geschriwwen.

Ech hat d’Freed d’Intro vun der Konferenz ze maachen. Hei den Text:

Wëllkomm zu eiser Konferenz: Aspekter vu Care: Fleeg a strukturell Gewalt

Mäi Numm ass Isabelle Schmoetten. Ech schaffe beim CID Fraen an Gender, Kompetenzzentrum a Bibliothéik fir Genderfroen, Feminismus an d Gläichstellung vun de Geschlechter.

De CID organiséiert dës Konferenz zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, där mir op dëser Plaz och wëlle villmools Merci soen fir d’Finanzéierung an d’Reklamm.

Mir sinn de Mëtten ongeféier 30 Persounen: villmools Merci fir ären Interessi.

E puer technesch Bemierkungen. Är Kameraen a Mikroen bleiwen ausgeschalt. Dir hutt awer d Méiglechkeet Kommentarer a Froen an den Chat ze schreiwen, dës ginn dann an d Diskussioun agebonnen.

Dës Konferenz gëtt opgeholl. D Opnamen stelle mir demnext iwwert eisen Internetsite zur Verfügung. Dir kënnt Iech gär an eis Newsletter aschreiwen iwwer www.cid-fg.lu - da bleiwt dir au courant iwwert eis Veranstaltungen a Neiegkeeten.

Mam Sujet vun der Care-Aarbecht, also alles wat e mécht wann e sech ëm aner Mënsche këmmert, vu botzen, iwwer kachen an erzéien bis zu tréischten, verbannen a fleegen, hu mir eis 2020 scho vill befaasst. Beim Equal Care Day de 29. Februar stoung d Situatioun vun de Fraen déi am Botzsecteur schaffen am Virdergrond. A beim Fraestreik de 7. Mäerz war d Fuerderung no enger fairer Verdeelung vun der Care Aarbecht an dofir méi Zäit, méi Geld a méi Respekt ganz zentral.

Elo duerch d Corona Pandemie a während dem Confinement ass d Care Aarbecht a besonnesch de Fleegsecteur an de Fokus vun der Ëffentlechkeet geréckt. Wie këmmert sech ëm déi Vulnerabel, déi Al, déi Krank an ënnert wéi enge Konditiounen?

Gewalt huet vill Gesiiter. Si ass oft an de Strukture vun eiser Gesellschaft präsent – sou eben och an der Fleeg. Dobäi geet et net just ëm Fleeger*innen a Patient*innen mee och d’Famillen, d’Gesetzer, d’Politik an de Patronnat spillen eng zentral Roll fir dëst Phänomen ze verstoen.

Mir sinn immens frou dass mir d Tina Koch, d Larisa Faber an de Raoul Schaaf als Referent*inne fir eis haiteg Konferenz konnte gewannen. Si befaasse sech aus ënnerschiddleche Perspektive a mat verschiddenen Aspekter mam Sujet vun der Gewalt an der Fleeg. Mir freeën eis och ganz vill konnten d Anne Schaaf fir d’Moderatioun vun dëser Konferenz ze gewannen, un dat ech lo och gläich d Wuert iwwerginn.

Villmools Merci an eng gutt Konferenz!

Screenshot Video-Konferenz

Wéi d’Isabelle Spigarelli a sengem Artikel schreiwt, wäert dëst keng One-Shot-Konferenz bleiwen.