Fraestreik 2020 - Réckbléck

Fraestreik, Care, Fraendag, JIF, Event, Manif

WHO CARES? WE CARE!

Den éischte nationale Fraestreik stoung ënnert dem Motto „Who Cares? We Care!“. Déi Zentral Fuerderung war: déi fair Opdeelung vun der Care-Aarbecht an dofir méi Zäit, méi Geld a méi Respekt.

An engem partizipative Prozess goufen 22 Fuerderungen ausgeschafft, déi sech un d’Politik an un d’Gesellschaft riichten. De Fraestreik ass de Startschoss vun der Lobbyaarbecht hannert dëse Revendicatiounen.

Ausschnëtt Flyer Revendications

Samschdes, de 7. Mäerz, also een Dag virum internationale Fraerechtsdag an un engem Wochendag, un dem vill Fraen déi onbezuelt Care-Aarbecht maachen, déi ënnert der Woch aus Zäitgrënn net machbar ass (Wunneng botzen, akafe goen, Wäsch maachen,…) oder hirer bezuelter Care-Aarbecht nogoen, well dës oft a Schichte funktionéiert, well se Weekends net einfach gepaust gi kann (an de Spideeler, Foyeren, Altersheemer, …) war de Streik. Doheem hunn d’Fraen déi onbezuelt Care-Aarbecht leie gelooss (am beschte Fall ass dës den Dag vu solidaresche Männer iwwerholl ginn) an op der Aarbecht hunn d’Fraen u symbolesche Streikaktiounen deel geholl (Button ugedoen, Fotoen mam Streikfändel an der Paus fir an déi sozial Netzwierker etc.).

Erklärungen op 4 Sproochen op der Plëss

Mëttes war um 15:00 Auer Treffpunkt op der Plëss fir déi grouss Fraestreik-Manif. Vun do goung et bei d’Chamber, wou d’Revendicatioune virgelies goufen, bei d’Gëlle Fra, wou d’Fraen aus dem Botzsecteur eng Choreographie presentéiert hunn a bei d’Rotonden, wou Owes d’After Streik Party wat.

Den éischte nationale Fraestreik zu Lëtzebuerg war en Erfolleg. Gemooss net nëmmen un den 2000 Leit, déi de 7. Mäerz un der Manif deelgeholl hunn, mee virun allem un der Mobilisatioun am Virfeld.

Éischt oppent Treffen, de 9. November am Citim

Bei deene 5 oppenen Treffen (am Citim, an de Rotonden, an der CSL, an der KuFa a rëm an der CSL) gouf diskutéiert, geschafft, sech ausgetosch. All Kéiers koume nei an aner Fraen. All Kéiers ware mir eng faarweg Mëschung vun ënnerschiddleche Nationalitéiten, Alterskategorien, berufflechen Orientéierungen, Erfarungen etc. Déi Ambiance déi entsteet, wa sech Schülerinnen mat Pensionnairen, wa sech Fraen déi hiert Liewe laang zu Lëtzebuerg gelieft hunn mat Fraen, déi zënter 2 Wochen am Land sinn iwwer feministesch Sujeten austauschen ass bal onbeschreiflech - et gëtt Energie, Motivatioun an e Gefill vun echter Solidaritéit a Sisterhood.

Zweet oppent Treffen. De 7. Dezemver an de Rotonden.

Eventer wéi Maid in Luxembourg a Propreté à quel prix? hunn entscheedend dozou bäigedroen, dass de Sujet Care iwwert d’Medien an de gesellschaftlechen Discours an an der ëffentlecher Visibilitéit ukomm ass.

Déi massiv Mobiliséierung iwwert d’Website, Newsletter, Facebook an Instagram gouf erméiglecht duerch dat fantastescht Milena Steinmetzer, bei dem senge Social Media-, Mobiliséierungs- an Aktivismus-Kompetenzen mir reegelméisseg de Mond opstoe bleift.

Organiséiert a gedroen gouf de Fraestreik an déi ganz Mobiliséierung am Virfeld vun der Plattform JIF. Dës Plattform besteet 2020 aus folgenden Organisatiounen: Chambre des Salariés, CID | Fraen an Gender, Conseil National des Femmes du Luxembourg, CSF, déi gréng Genderrot, déi jonk gréng, déi Lénk, Femmes en détresse, Femmes socialistes, Finkapé, KWENI, Laika, Lëtz rise up, OGBL Equality, Time for Equality, Union des Femmes Luxembourgeoises, Golden Z Luxembourg, Movimiento Democrático de Mujeres-Hipatia Luxemburgo, Planning familial,Centre LGBTIQ+ CIGALE an engagéiert Privatpersounen. An d’Liewe geruff, opgebaut a forméiert gouf d’JIF vum Christa Brömmel (an dem seng Foussspueren beim CID ech probéieren eran ze wuessen).

Drëtt oppent Treffen, den 11. Januar an der CSL

Duerch déi vill gréisstendeels benevole Aarbecht an dat grousst Engagement vu ville verschiddene Leit ass scho wärend de Preparatioune vum Fraestreik eng Beweegung entstan. Déi Beweegung ass keng onerklärlech Iwwerraschung. Mir sti net eleng do. Mir sinn houfregen Deel vun enger internationaler Fraestreikbeweegung. Aktivistinnen aus der Schwäiz waren am Oktober 2019 op Lëtzebuerg komm fir sech mat der Plattform JIF iwwert de geplangte Streik auszetauschen a fir eis vun hiren Erfarunge léieren ze loossen (de 14. Juni 2019 sinn an der Schwäiz 750.000 Persounen op d’Strooss gaangen). Beim Feminist Futures Festival am September 2019 zu Essen, hunn d’Sandra Laborier an ech international Aktivistinnen aus Däitschland, Italien, Frankräich an der Belge kennegeléiert, déi an hire Länner och grouss Fraestreiken a -Maniffen geplangt haten.

Pressekonferenz an der CSL mat enger super Equipe, de 25. Februar 2020 (copyright RTL)

Fir d’Mobiliséierung war och d’Presseaarbecht ganz zentral. Mat zwou Pressekonferenzen an insgesamt 9 Pressecommuniquéen hu mir versicht de Journalist*innen hir Opmierksamkeet ze kréien. Et huet net schlecht funktionéiert!

Déi komplett Presserevue ëmfaasst iwwer 80 Artikelen, Radio- an Télé-Emissiounen a kann iwwert de Site vum Fraestreik durchstöbert ginn.
Hei just eng Auswiel vu menge Favoritten:

Den 10. Oktober 2019: Am Journal op RTL Télé gëtt iwwert d’Pressekonferenz vun der Plattform JIF an den dräi Schwäizerinne bericht mat engem kuerzen Interview mat mir.

De 26. Februar 2020: Groussen a gudden Artikel vum Jérôme Quiqueret am Tageblatt.

De 6. Mäerz 2020: Leitartikel vum Ines Kurschat am Land.

De 7. Mäerz 2020: Réckbléck op de Streik mat ville Fotoen a Video Reportage bei RTL.

Den 13. Mäerz 2020: Artikel an der Schwäizer Work Zeitung vum Jonas Komposch.

An hei nach e klenge perséinleche Réckbléck:

Whose bridge? Our bridge!
Dream-Team: Milena an Isabelle
After-Streik-Party an de Rotondes. Line Wies, Isabelle, Tina Koch, Aldina Ganeto, Milena Steinmetzer, Michelle Cloos
Télécran vum 4.3.2020
Kopf des Tages am Tageblatt, de 24. Februar 2020