Fräie Mikro

Wat heescht eigentlech Gender?

Presse, Fräie Mikro, Gender, Radio

Wien iwwer Sexismus a Geschlechtergläichstellung wëll schwätzen kënnt net laanscht de Begrëff Gender. Ech sinn der Meenung, dass dëse Begrëff am ëffentlechen Discours oft net oder falsch verstanen a falsch genotzt gëtt. Dofir hunn ech a mengem fräie Mikro um Radio 100,7 am Mee 2021 déi lëtzebuergesch Definitioun vun „Gender“ virgestallt.

D‘Wuert Gender[1] ass e Begrëff aus dem Engleschen. Am Englesche gëtt tëscht dem sougenannte biologesche Geschlecht – genannt sex – an dem soziale Geschlecht – genannt gender – ënnerscheet.

Den Ausdrock Gender beschreift déi gesellschaftlech Geschlechterrollen, déi festleeën, wat vu Mënschen erwaart gëtt, fir dass si als Fraen oder Männer wouergeholl ginn. Dës Erwaardunge si ganz ënnerschiddlech. Dat geet vum Numm, iwwer d’Gestaltung vum Ausgesinn (also wéi ech mech undinn, ob a wéi ech mech schminken, wéi eng Muskelen ech am Fitness trainéieren) bis zu Kierperhaltung, Mimik, Gestik, Sprooch a Verhalen. Wéi ech als Fra oder als Mann trëppelen, hunn ech mir vun anere Fraen oder Männer ofgekuckt. Souguer d’Stëmmlag an där ech schwätzen, beaflossen ech no uewen oder no ënnen, jenodem, ob ech e Mann oder eng Fra sinn. An dësem Sënn gëtt och vun doing gender geschwat – also eng Praxis, duerch déi Geschlecht inzenéiert gëtt.

Dohier och dat berühmtent Zitat vun der Simone de Beauvoir: on ne naît pas femme, on le devient. Dobäi ass eng Persoun dëse Geschlechterrollen net just passiv ausgesat, si eegent sech hiren Gender och aktiv un, an zwar vu klengem un.

Dat soziaalt Geschlecht ass also net ugebuer an existéiert net vu sech aus, et gëtt konstruéiert duerch gesellschaftlech Muechtverhältnisser, déi sech historesch entwéckelen. Well sech gesellschaftlech Verhältnisser änneren, kënne sech och Gendervirstellungen änneren.

Den Afloss vun Genderrollebiller op zum Beispill de Kleederchoix kënnen engem als harmlos erschénge. Jee nodeems wéi en Gender mir zougeschriwwe gëtt, hunn ech awer och ënnerschiddlech Méiglechkeeten, fir un der Gesellschaft deelzehuelen: méi oder manner Suen, Afloss, Verantwortung oder Fräiheeten. Dat läit dann un den herrschenden Muechtverhältnisser, déi sech a Form vu Sexismus op mech auswierken - strukturell an zum Deel och individuell. Gender funktionéiert an deem Sënn vergläichbar mat anere Kategorië wéi Hautfaarf, soziale Milieu, Alter asw. an huet also e staarken Afloss op meng gesamt Liewensplanung.

Gender ass also eng wichteg Kategorie fir eis Gesellschaftsverhältnisser ze analyséieren, Ongläichheeten kënnen ze erkennen an och ze verstoen wou se hierkommen a wéi se funktionéieren.

D’Bewäertung vun där Analys, d’Sich no Handlungsoptiounen an d’Fuerderung no Verännerung kënnt dann eréischt an engem nächste Schrëtt.

Hei kënnt dann de Feminismus an d’Spill oder besser gesot déi feministesch Beweegungen. Si notzen d’Wëssen ronderëm Gender fir d’Ideal vun enger inklusiver, gerechter Gesellschaft anzefuerderen an där dat soziaalt Geschlecht, dat eis zougeschriwwe gëtt an dat mir eis uneegnen, kee negativen Afloss op eise Liewensverlaf huet.

Am klengen kann dat heeschen, dass kee Mënsch d’Gefill huet sech mussen ze schminken fir attraktiv ze sinn, dass awer all Mënsch sech däerf schminken, dem dono ass an ouni sech mussen dofir ze rechtfäerdegen.

Am groussen heescht dat zum Beispill, dass kee Mënsch sech am ëffentleche Raum opgrond vu sengem Gender muss onsécher fillen, an dass keng Persoun opgrond vun hirem Gender manner Geld verdéngt oder manner Karrierechancen huet.


[1] Déi folgend Ausféierungen berouen op der Definitioun vun Gender, déi vun engem internen Aarbechtsgrupp vu Mataarbechterinnen a Sympathisantinnen vum CID | Fraen an Gender ausgeschafft gouf, fir an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire iwwerholl ze ginn.