Fräie Mikro

Sexismus op Rieder

Fräie Mikro, Presse, Sexismus, Strukturell Gewalt

Passend zu mengem Kloertext vum 13. Oktober 2020, a well ech déi domm sexistesch Reklammen vun der Pâtisserie Hoffmann an der Entreprise Fliesen und Verputz Funk wierklech geiergert hunn, hunn ech am Oktober och nach e Fräie Mikro um Radio 100,7 zum Sujet opgeholl.

Sexismus op Rieder

Sexistesch Reklammen an deene Fraen op onkreativ a platt Aart a Weis objektivéiert a sexualiséiert ginn, sinn eigentlech éischter „out“ a net méi vill unzetreffen hei am Land. Ëmsou méi irritéiert et, wann een am Stroosseverkéier domat konfrontéiert gëtt. D’Isabelle Schmoetten setzt sech domat an engem Fräie Mikro auserneen.

„Kommt mir spillen e Spill. Reklamme roden.

Eng Fra mat laange blonden Hoer, mat engem Body aus schwaarzem Lieder, mat déiwem Decolleté, Netzcollant a schwaarze Stiwwele bis bei d’Knéien, setzt mat wäit gespreizte Been a mat engem grousse, laange Messer an der rietser Hand virun engem Kuch.

Ass dat eng Reklamm fir

a) déi nei Kollektioun vu Victoria Secret

b) d’Halloween Party an der Luxexpo

oder c) eng Lëtzebuerger Patisserie?

Richteg ass d’Äntwert c! Eng vun deene bekannte Lëtzebuerger Patisserien huet keng besser Marketingstrategie fonnt wéi sex sells ob ganz déiwem Niveau.

Ech hu nach e Quiz!

Eng aner Fra mat laange blonden Hoer (jo pardon, totale Klischee, ëmmer d’ Blondinnen) läit plakeg an eppes wéi enger geschrumpfter Bidden, mat ugewénkelten a gespreizte Been a rosa High Heels. Doriwwer steet den Text „Schmeißen Sie ihre Alte raus“.

Ass dat eng Reklamm fir

a) Schong

b) eng Partner*innevermëttlung

c) Plättercher a Sanitär

Jo, och hei ass c déi richteg Äntwert.

Dës intelligent, witzeg a kreativ Reklammen ginn op de Récksäiten vun enger Rëtsch Camionnetten a Liwwerween vun deenen zwou betreffenden Entreprisen duerch eist Ländche kutschéiert a féieren bei ville Leit – Frae wéi Männer - zu Onverständnis, Irritatioun an och Roserei. Villäicht well déi duergestallte Fraen glat a guer näischt mat deene Produiten, fir déi se mussen hierhalen, ze dinn hunn.

Verstitt mech net falsch. Et geet hei net drëm, dass Frae net dierfe knapp a sexy ugedoe sinn. Mir mussen ophale Fraen fir hiert Ausgesinn, hire Kleederchoix oder hire Kierperbau ze bewäerten an ze verurteelen oder hinne virzeschreiwen wéi si auszegesinn oder sech ze behuelen hunn.

Eng fräizügeg Domina huet grad souvill Respekt verdéngt wéi eng verschleiert Fra an ëmgedréint.

Awer keng vu béiden – egal ob echt oder fake – däerf als Reklamm fir iergendeng Wuer mëssbraucht ginn.

Reklammen, déi Fraekierper als Deko oder als Bléckfang asetzen, an dat op eng sexualiséierend an degradéirend Aart a Weis, si ganz einfach sexistesch, an hu näischt an enger demokratescher, mënscherechtsbaséierter Gesellschaft verluer.

Mol dovun ofgesinn, dass sécher net een eenzege Kuch méi verkaf a keng eenzeg Plättche méi verluet gëtt duerch dës debil Marketing Strategie, ass sexistesch Reklamm och gesetzlech verbueden.

An dat net, well houfreg Feministinnen sech duerch sexistesch Reklammen an hire Gefiller verletzt fillen, mee well et erwisen ass, dass déi heefeg Reproduktioun vun degradéirenden an anengende Geschlechterrollebiller a Klischeeën eist Ënnerbewosstsinn beaflossen an sech domat op eist Weltbild a schlussendlech op eis Handlungsspillraim auswierken. Besonnesch Kanner sinn empfänglech fir ausdrocksstaark an irritéierend Billersprooch am ëffentleche Raum.

Leit, déi schonn emol mat Kanner am Auto hannert enger vun den erwäänte Camionnette gefuer sinn, muss ech dat sécher net erklären.

Et muss e sech awer net nëmmen am Privaten oder hei am Radio iwwert sexistesch Reklammen iergeren. Et kann een déi entspriechend Entreprisen per Post, Mail, Telefon oder perséinlech zur Ried stellen a sech doriwwer eraus offiziell beim Publicitéitsrot beschwéieren. Well dat, wat am ëffentleche Raum geschitt, geet eis all eppes un.“