Fräie Mikro

Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg

Radio, Fräie Mikro, Strofvollzuch, Gender

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell zwou Strofvollzuchsanstalten: den zouene Prisong Schrasseg mat bal 600 Better an den hallefoppene Prisong Givenech mat eppes iwwer 100 Better. Datt de Strofvollzuch net geschlechtsneutral ass, domat hunn ech mech an engem Fräie Mikro um Radio 100,7 befaasst.

Wärend dem Confinement gouf ech vun der asbl „eran, eraus .. an elo“ kontaktéiert, déi meng Opmierksamkeet op e Rapport vun 2017 gelenkt huet, an dem et ëm d’Situatioun vun de Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg geet.

E bësse genéiert hunn ech festgestallt, dass ech nach ni weider iwwert dëse Sujet nogeduecht hunn. Dobäi fannen ech et wichteg och zoue Systemer wéi Prisongen als Deel vun eiser Gesellschaft wouer ze huelen an de Bléck hannert d’Maueren ze woen.

Iwwer Strofdoten, Geriichtsverhandlungen an Urteeler gi mir reegelméisseg an der Zeitung oder am Radio informéiert. Awer wat geschitt duerno?

De Nelson Mandela war 27 Joer laang am Prisong. A senger Autobiographie reflektéiert hien: „Keen kennt eng Natioun wierklech, soulang e net an hire Prisonge war. Eng Natioun sollt net duerno beuerteelt ginn, wéi se hir héchste Biergerinnen a Bierger behandelt, mee hir niddregst.“

A wéi behandelt Lëtzebuerg seng Gefaangen?

Ech hu mir soe gelooss, dass aktuell ëm déi 30 Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong sinn. Dat wäre 5 Prozent vun de Gefaangenen. Den een Deel ass just kuerz do, zB wéinst Drogendelikter oder Déifstall. Den aneren Deel ass laang do, wéinst Kapitalverbrieche wéi Mord. Dotëscht gëtt et scheinbar net vill.

Seet eis dat eppes iwwert déi ënnerschiddlech Sozialisatioun vun de Geschlechter oder iwwert den ongläichen Ëmgang mat Verbriechen, jenodem ob eng Fra oder e Mann se begaangen huet?

De Rapport vun 2017 mat 38 konkrete Recommandatiounen vun der Mediateure mécht däitlech, dass d’Ongläichbehandlung vun de Geschlechter net bei de Strofdoten a Verurteelungen ophält. Do liest een zum Beispill dass d’Aarbecht vun de Fraen zu Schrasseg sech ganz stereotyp op Strecken beschränkt.

Déi sportlech Infrastrukture fir d’Fraen zu Schrasseg si wuel däitlech méi kleng a manner gutt equipéiert wéi déi vun de Männer. Doriwwer eraus wier déi psychologesch Betreiung vun de Männer vill méi elaboréiert wéi déi vun de Fraen. Déi meescht Ongläichheeten ginn mat der mangelhafter Infrastruktur erkläert. Prisongen si fir Männer gemaach, krut ech vun enger Persoun gesot.

Zënter 2017 huet sech villäicht schonn eppes verännert. Vill Hoffnung läit op der Abetribnam vum Untersuchungsprisong Uerschterhaff am Joer 2022, wouduerch virun allem zu Schrasseg méi Plaz geschaf soll ginn. Awer baséieren déi bestoend Mëssstänn wierklech just op der Infrastruktur?

Ass et ze spéit déi Verantwortlech drun ze erënneren, dass d’Genderthematik net nëmmen bei der Gestaltung vun den Infrastrukturen mee och bei der Organisatioun vum Strofvollzuch grad wéi bei der Resozialiséierung eng wichteg Roll spillt? Gëtt et en Antidiskriminéierungs- an Gender Gläichstellungskonzept fir d’Prisongen, an dem och u geschlechtlech a sexuell Minoritéite geduecht gëtt?

Um Enn an um Ufank stellt sech d’Fro, wat mir als Gesellschaft vun de Prisongen erwaarden. Sollen se Strofdoten mat Fräiheetsentzuch bestrofen? Sollen se d’Gesellschaft viru geféierleche Persoune schützen? Solle se besser Mënschen aus Verbriecher*inne maachen?

Ech fir mäin Deel géif mir wënschen, dass am Strofvollzuch d’Resozialiséierung – wou nëmme méiglech – am Virdergrond steet. Eng Resozialiséierung am Respekt vun de Mënscherechter, zu deenen och d Gläichstellung vun de Geschlechter gehéiert.

Op dës Aufgab eleng vun der Prisongsverwaltung gestemmt ka ginn, woen ech ze bezweifelen.