Corona an haislech Gewalt

geschlechtsbezu Gewalt, Corona, JIF, Presseartikel, Interview

Et ass bekannt, dass haislech Gewalt zouhëllt, zu Zäiten, wou Famille vill doheem sinn, ëmsou méi a Situatioune vu finanzieller Onsécherheet, vun Ängschten a vun allgemengem Drock.

copyright JIF Luxembourg

An dem Kontext huet d’Journalistin Ana Tomás mir eng Reih Froe gestallt. Meng Äntwerten huet si an dësem Contacto Artikel (op Portugiesesch) verschafft.
Och d’Woxx an RTL hu sech mat der Thematik befaasst.

D’Plattform JIF huet eng kuerz an iwwersiichtlech Lëscht vun Hëllefservicer zesummegestallt mat den aktuellen Telefons-Permanencen a Mailadressen vun de Servicer (an der Zäit vum Confinement), opruffbar op däitsch, franséisch, englesch a portugiesesch.

Eng méi detailléiert Lëscht fënnt een op www.violence.lu - e Site, de vum Ministère de l’Egalité entre les femmes et les hommes geréiert gëtt. De Site gëtt et bis elo just op franséisch.

Eng komplett, gutt iwwersiichtlech a méisproocheg Lëscht fir vu Gewalt Betraffener, déi reegelméisseg à jour gesat a kompletéiert gëtt, gëtt et awer leider net bis elo.

Aktualiséierung:

De Site www.violence.lu enthält elo eng Rubrik FAQ, déi kuerz, iwwersiichtlech an informativ ass. A nach dobäi a 4 Sproochen iwwersat!
Ausserdeem hunn eng Reih Servicer (Pro Familia, FMPO, infoMann, FED, CNFL) sech zesumme gesat an eng Helpline ageriicht: Tel.: 2060 1060 Mail: info@helpline-violence.lu