Amnesty Mediepräis 2021

Presse, Mënscherechter, Fraerechter, Event

Den 1. Mäerz 2022 war d’Iwwerreechung vum 6. Amnesty Mediepräis an de Rotonden. Zil vun dësem Präis ass et Journalist*innen ze éieren, déi mat hirer Aarbecht Mënscherechtsverletzungen opdecken an e Bäitrag leeschten zum lëtzebuerger Discours ronderëm d’Mënscherechter.
Zesumme mam Véronique Faber, Petz Bartz a Lukas Sosoe war ech an der Jury vum Mediepräis.

Auszuch Brochure Amnesty

Insgesamt 31 Aarbechten ware fir 3 Kategorien agereecht ginn. Hei kommen d’Gewënner*innen an déi Nominéiert:

Kategorie Artikel

Gewënner ass de Luc Caregari (Reporter) mat sengem Artikel: Ausbeutung hinter legaler Fassade

En Artikel an Zesummenaarbecht mat enger nepalesecher Journalistin (eng staark Leeschtung wärend enger Pandemie) iwwert e Fall vu Mënschenhandel zu Lëtzebuerg a Verbindung mat der nepalesescher Community, an dem net nëmmen mënschlech Ofgrënn mee och d’Scheitere vun eisem System an eiser Justiz oppe geluecht ginn.

Petz Bartz a Luc Caregari

Zwee weider Journalist*inne ware nominéiert ginn:

Dësen Artikel huet mech ganz besonnesch beréiert. Dräi verschidde Fäll vu Mënschenhandel mat Lëtzebuergbezuch gi noeneen beschriwwen. An deenen dräi Beispiller gi Fraen Affer vu grausamer Behandlung a Gewalt - net nëmmen duerch déi direkt Täter, mee och duerch eise System a seng vill Schwaachstellen.

An dësem Artikel gi konkret Beispiller vun haislecher Gewalt mat nationalen an internationalen Aspekter a Gesetzer verknäppt. Beréierend, informativ an opklärend.

Ricardo J. Rodrigues, Luc Caregari, Janina Strötgen

Kategorie Multimédia

Gewënner*inne sinn de Jean-Michel Hennebert, d’Sibila Lind, den Dominique Nauroy an de Christophe Olinger (Luxemburger Wort) mat hirer Aarbecht Vom Opfer zur Täterin.

Bei dëser Aarbecht geet et ëm de Fall vun enger Brasilianerin, déi bei d’Police gaang ass, well si Affer vu moderner Sklaverei a vu Gewalt duerch hire Patron war. Well d’Mme keng gülteg Pabeieren haat sollt si aus dem Land verwise ginn. Duerch dat grousst Engagement vum Jessica Lopes (assistante sociale bei der Asti) konnt dat glécklecherweis verhënnert ginn.

Doriwwer eraus waren déi folgend zwou Aarbechte nominéiert:

Bäitrag iwwert eng engagéiert Affekotin, där d’Verteidegung vun de Mënscherechter vu Geflüchteten méi wichteg sinn wéi eng séier Karriär an déck Pai. D’Dublin-Problematik, Police-Gewalt an den europäesche Grenzregime gi gutt verständlech an op de Punkt beschriwwen.

Véronique Faber a Camille Frati

E ganz gutt gemeeten Dossier zu engem vun de gréisste Sujeten zu Lëtzebuerg: d’Logementskris. Nieft individuelle Schicksaler ginn och déi strukturell Sujeten beliicht a kloer a verständlech duergestallt.

Kategorie Audiovisuel

Gewënnerin vun der Kategorie ass d’Diana Hoffmann (RTL radio) mam Reportage D’Pandemie huet vill Migranten ouni Pabeieren an eng prekär Situatioun bruecht

An dësem Bäitrag gëtt net nëmmen déi besonnesch schwiereg Situatioun vu Mënschen ouni Pabeieren duergestallt, déi et wärend der Pandemie a speziell dem Lockdown besonnesch schwéier haaten, well si duerch all Netzer vu staatlecher Hëllef gefall sinn, mee och déi wichteg Aarbecht vun der Asti, déi séier an effektiv Hëllef geleescht huet.

Lukas Sosoe, Isabelle Schmoetten, Diana Hoffmann

D’Caroline Mart (RTL Télé) krut eng mention spéciale fir hire Kloertext: Sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen/ Abus sexuel et ses conséquences

Dëse leschte Präis (mention spéciale fir d’Caroline Mart) dierft ech iwwerreechen. Folgenden Text haat ech wärend menger Preparatioun geschriwwen:

Caroline Mart

Die Journalistin Caroline Mart arbeitet seit 1985 für den Privatsender RTL Télé Lëtzebuerg. Seit 2007 ist sie stellvertretende Chefredakteurin. Alle zwei Wochen moderiert sie die Talkshow Kloertext zu gesellschaftlichen Themen.

Kloertext „Sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen“ - 2. Dezember 2021

Genderbezogene Gewalt ist weltweit ein wichtiges Menschenrechtsthema. Insbesondere die Istanbulkonvention soll Mädchen und Frauen vor Gewalt schützen. Die Gefahr Opfer von sexualisierter Gewalt zu werden ist am Höchsten im direkten Umfeld - in der Familie und im Bekanntenkreis. Bei sexualisierter Gewalt geht es in erster Linie nicht um Sex, sondern um Macht und Dominanz. Gender - das soziale Geschlecht - spielt dabei eine zentrale Rolle. Mädchen und Frauen sind auch heute noch strukturellem Sexismus ausgesetzt, deren extremste Folgen unter anderem sexueller Missbrauch und Vergewaltigung sind. Auch in Luxemburg haben bisher weder das Justizwesen, noch die breite Öffentlichkeit einen angemessenen und kompetenten Umgang mit dieser Thematik gefunden.

Im Kloertext vom 2.12.2021 hat Caroline Mart dieses wichtige Thema und seine zentralen, eben genannten Punkte, einfühlsam und dennoch klar auf den Punkt gebracht. Nicht nur für die Wahl und Vorbereitung der drei Gesprächspartnerinnen, sondern auch für den Gesprächsablauf, den roten Faden und die geschaffene Stimmung gebührt ihr Lob und Respekt. Von der Jury erhält sie deshalb eine besondere Auszeichnung.

E grousse Merci dem Rosalía Núñez an dem Anne Ploetz vun Amnesty fir hir wichteg Aarbecht an hirt Vertrauen.

Mam Véronique Faber