RTL Reportage

#metoo och zu Lëtzebuerg

#metoo, geschlechtsbezu Gewalt, sexualiséiert Gewalt, rape culture, victim blaming, Televisioun

#metoo och zu Lëtzebuerg

Am Mäerz 2019 gouf ech, op Urode vum Maddy Mulheims, vum Maryse Lanners vun RTL Télé Lëtzebuerg kontaktéiert a gefrot fir un engem kuerze Gespréich mat hir zum Sujet #metoo zu Lëtzebuerg deelzehuelen. Si hat e längere Reportage gedréint, de mir eis zesummen ugekuckt an am Gespréich beschwat hunn. De Reportage kann hei online gekuckt ginn.

Am Virfeld hunn ech zesumme mam Joëlle Schranck, fréier Directrice vu Femmes en Détresse an aktuell Member vum CID Comité, folgend Kär-Messagen ausgeschafft:

  1. Mir musse geschlechtsbezu Gewalt* an all hire Formen erkennen, benennen a veruerteelen.
  2. Mir mussen de Betraffenen nolauschteren a gleewen. Kee „victim-blaming“ mee Solidaritéit an Empathie!
  3. Mir mussen déi strukturell Ursaache vu Gewalt an de Bléck huele fir Gewalt nohalteg ze bekämpfen.
  4. Mir brauchen Erzéiung, Bildung a Sensibiliséierung fir all Alter, bei deene léiere vu Respekt, Empathie, Konsens, Geschlechtergläichheet an d’Mënscherechter am Zentrum stinn.

*Gewalt opgrond vu Sexismus, betrëfft virun allem Fraen, geschlechtlech a sexuell Minoritéiten an huet vill mat ongläiche Muechtverhältnisser an Dominanzstrukturen ze dinn.