Lëtzebuerg am Gender Equality Index 2020

Presseartikel, CID, Politik, Paritéit, Wahlen

Am Januar 2020 gouf ech vun enger Journalistin vum Contacto ugeschriwwen, déi en Artikel zum Gender Equality Index vum European Institute for Gender Equality (EIGE) verfaasse wollt. Lëtzebuerg läit am Index just knapp iwwert dem EU Duerchschnëtt, wat virun allem un de schlechte Resultater am Beräich „Power“ läit. Am Interview mat der Journalistin Ana Tomás hunn ech nach emol un déi Haaptmessagen aus dem CID Pressecommuniqué vum Oktober 2018 erënnert.

Den Artikel ass op portugiesesch a kann hei nogeliess ginn.