„Ech sinn dat Meedchen am Video“

geschlechtsbezu Gewalt, sexualiséiert Gewalt, rape culture, victim blaming

Am Juni gouf e Sex-Video massiv an de soziale Netzwierker gedeelt - géint de Wëllen vun där bedeelegter Fra.
Laika a Voix de Jeunes Femmes hunn doropshin e Statement verëffentlecht, den ech genau esou ënnerschreiwen géif:

It’s my vagina!

No dem rezente Virfall erschéngt et eis onëmgänglech ob d’Wichtegkeet vu Konsens bei allen (sexuellen) Interaktiounen hinzeweisen - on- oder offline! Online Gewalt ka vill verschidde Formen unhuelen. Zum Beispill: d’Undroe vu Schléi, Vergewaltegung, Mord oder online Stalking. Mais och wann intim Fotoen oder Videoen ouni deng Zoustëmmung online gestallt a verbreet ginn dann ass dat Gewalt. Keen huet d’Recht deng nudes oder een intime Video vun dir online ze stellen ouni dass du domat averstane bass. Et ass och net ok, Fotoen oder Videoe vu anere Persoune weider ze verbreeden, et sinn net deng Biller!

Mir stinn hannert all betraffener Persoun a veruerteelen all Form vun (sexualiséierter) online Gewalt! D’Diskussioun ronderëm esou Fäll muss ëmgedréint ginn: anstatt déi Betraffen an hiert ganzt Liewen ëffentlech auserneen ze huele musse mer de Fokus ëmlenken ob d’Persoun(en) vun der d’Gewalt ausgeet. Aus strukturelle Grënn sinn déi Betraffe majoritär Fraen an d’Gewalttäter majoritär Männer. Vu ganz jonkem un kréie mer als Fraen eng ambivalent Bezéiung zu eiser eegener Sexualitéit opgedrängt: Deen Deel vu weiblecher Sexualitéit wou fir Männer uspriechend ass gëtt fir Marketing an de männleche Genoss ausgenotzt. Den heterosexuellen, männleche Bléck ob de weibleche Kierper präägt weiblecht Verhale vu ganz jonk un. Ob der anerer Säit gëtt weiblech Sexualitéit mat ëffentlecher Demütegung bestrooft. An de sozialen Netzwierker kréie Fraen déi hier Sexualitéit ob hier eegen Aart ausliewen an dat net verstoppen oft ganz vill Géigewand. D’Resultat: eis Sexualitéit an den Ausdrock dovunner gëtt eis geholl.

Mir sinn déi Fra am Video! ✊“

Bild: copyright Laika

Ausserdeem huet d’Tessie Jacobs, Journalistin bei der Wochenzeitung Woxx en exzellenten Artikel dozou geschriwwen.